Den 13. Juli 2017 (a nach eng Kéier de 27. Oktober 2017 mat engem klengen Update) huet Wee2050/Nee2015 di folgend Grafik op hirem eegenen Internetsite an op hirem Facebook-Account gepost, mat der Erklärung dass si géif beleeën, dass d’lëtzebuergesch Sprooch ëmmer méi aus dem Alldag géif verdrängt ginn.
D’Situatioun di mam Bild beschriwwe gëtt gesäit op den éischte Bléck effektiv impressionnant aus. D’Art a Weis wéi des Grafik presentéiert gëtt léisst awer de Verdacht opkommen, dass et hei virun allem drëm geet emotional Reaktiounen ervirzeruffen a Panik ze verbreeden. Wann een sech di Saach nämlech méi genau ukuckt, stellt e fest dass hei mat ganz klassesche Methode geschafft gëtt wéi se och zum Beispill bei de sougenannte Klimawandelskeptiker üblech sinn oder wéi se och am Virfeld vum Brexit-Referendum ugewannt goufen.
2002/2003 hat d’UNESCO d’Entwécklung vun engem Framework an Optrag ginn, mat deem een d’Vitalitéit vun enger Sprooch ka bestëmmen. Den Haaptmessage ass dass een eenzele Kritär net duergeet fir den Zoustand vun enger Sprooch ze bestëmmen, mee dass ganzer 9 Kritären néideg sinn, fir eng zouverlässeg Ausso iwwert hier Situatioun kennen ze maachen. An der uewegenannter Grafik gëtt awer nëmmen een eenzegen vun deene 9 Kritäre benotzt, an zwar deen deen, wann eleng betruecht, eng ganz besonnesch dramatesch Situatioun ze illustréiere schéngt. Well di aner 8 Kritären, wéi zum Beispill d’absolut Zuel vun de Leit déi d’Sprooch schwätzen, wéi zouverlässeg d’Sprooch tëschent de Generatioune weidergi gëtt oder wéi gutt d’Sprooch dokumentéiert ass, mat kengen Wuert erwäänt ginn, si mer hei an engem ganz klassesche Fall vun Cherrypicking, d.h. eng Approche wou nëmmen déi Informatioune gewise ginn, déi en Accord sinn mam Message deen ee wëllt weiderginn a wou anerer, déi dee Message net ënnerstëtzen oder him souguer widderspriechen, gezielt ewech gelooss ginn. De begleedenden Text zum Bild vu Wee2050 geet souguer souwäit ze behaapten dass “déi absolut Zuel vun deenen, déi Lëtzebuergesch schwätze KËNNEN, (…) net relevant (ass) fir d’laangfristegt Iwwerliewe vun eiser Sprooch”.
Am Post vu Wee2050 gëtt och behaapt dass “lëtzebuergesch Sprooch bedréit ass” mam Verweis op d’UNESCO, déi dat géif confirméieren. D’UNESCO behaapt awer nëmmen dass d’Letzebuergesch vulnerabel ass, wat op der entspriechender Skala vun 6 Stufen nëmmen déi 2. vun uewen ass (déi éischt Stuf bezeechent Sproochen déi ‘safe’, also sécher, sinn).
Fir der ganzer Argumentatioun eng méi wëssenschaftlech Aura ze ginn, verweist den Text vu Wee2050 op Quellen. An dësem konkrete Fall ass d’Zuel vun de Quellen awer extrem limitéiert (3) wouvun der zwou en plus vun der selwechter Persoun stamen (d.h. faktesch ass Zuel vun de Quellen also éischter 2).
Eng vun de Quellen ass als zouverlässeg anzestufen (STATEC) an déi entspriechend Donnéeën sinn och liicht nozevollzéien. Bei der Vollekszielung vun 2011 hu ronn 70% vun den Awunner uginn Lëtzebuergesch ze schwätzen, onofhängeg dovun ob dat hier éischt Sprooch ass oder net. Do dogéint sinn déi referenzéiert Passagen vun der 1. an der 2. Quell allerdéngs extrem ongenee formuléiert an sinn entweder Schätzungen oder baséieren sech just op ee ganz klengen Deel vun der Populatioun. D’Referenz fir 1846 z.B. bezitt sech just op d’Gemeng Attert (2505 Leit!) a bezitt sech just op Däitsch a Franséisch, mee mécht keng Angab iwwert d’Lëtzebuergescht. D’Referenz fir 1863 ass explizit just eng Schätzung a gëtt och just eng Informatioun iwwert d’Zuel vun de Leit déi 2 Sprooche schwätzen. Wéi een doraus kann ofleeden dass bal 100% lëtzebuergesch schwätzen, ass net erkläert. D’Referenze fir 1900 an 1940 sinn explizit just Schätzungen.
Mee et kann een effektiv dovun ausgoen dass am 19. Joerhonnert an och nach bis zur Mëtt vum 20. Joerhonnert tatsächlech proportionell méi Leit lëtzebuergesch geschwat hunn wéi haut. Et ass awer absolut net sënnvoll d’Sproochesituatioun aus dem 19. Joerhonnert quantitativ mat der vun haut ze vergläichen, aus dem ganz einfache Grond dass sech deen internationalen, wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Kontext total verännert huet. Sou oder sou kann een doraus sécher net ofleeden dass eis Sprooch a grousser Gefor ass.
Weider Problemer sinn d’Presentatioun vun der Grafik an déi begleedend Iwwerschrëft. Eng ganz klassesch Method fir eng Situatioun méi dramatesch schéngen ze loossen wéi se wierklech ass, ass fir d’y-Achs just op deen Deel ze zoomen wou och Donnéeën representéiert sinn (‘truncated graph‘). Mat der Method gesäit et nämlech sou aus wi wann déi Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen schonn an der Minoritéit wieren. Doriwwer raus benotzt d’Iwwerschrëft Wieder déi suggeréieren dass eng aktiv Degradatioun vun der Sprooch stattfënnt (d’Sprooch gëtt “verdrängt”) respektiv dass d’Situatioun besonnesch dramatesch ass (et ass eng “batter Realitéit”). D’Ziel ass ganz kloer dem Lieser seng Opmierksamkeet ze kréien an him Angscht ze maachen. Et si quasi di net lëtzebuergeschsproocheg Leit di de Lëtzebuerger hier jeeweileg Sprooch géifen opzwéngen.
Et ass also zwar richteg dass 2011 ‘nëmmen’ 70% vun den Awunner Lëtzebuergesch geschwat hunn, mee et ass net wierklech méiglech, zouverlässeg ze soen ob sech d’Situatioun vun der Proportionalitéit wierklech iwwert di lescht Joerzéngte sou staark a schnell verschlechtert huet wéi um Bild suggeréiert, a souguer wann dat wierklech de Fall sollt sinn, kann een dovun absolut net ofleeden dass sech d’Situatioun vun der Sprooch am allgemenge verschlechtert huet, ebe grad aus dem Grond dass dëse Parameter net deen eenzeg relevanten ass. Op verschiddene Pläng ass souguer ganz vill geschitt a leschter Zäit (Coursen, Standardisatioun a Verbreedung vun der Grammatik, Literatur, etc.) D’Duerstellung déi hei vu Wee2050 verbreed gëtt ass also extrem simplistesch a gëtt absolut net der Komplexitéit vum Thema gerecht.
Dee gréisste Problem ass datt de Post suggeréiert dass den Zoustand vun der Sprooch eleng vun der Proportionalitéit ofhänkt, wat da ganz schnell bei ville Leit zur falscher Conclusioun féiert datt, wann een eis Sprooch well retten, ee muss versichen d’Proportioun vun de Leit déi net Lëtzebuergesch schwätzen ze reduzéieren, also am Kloertext: manner Auslänner a manner Frontalieren. Et kann een also mam beschte Wëllen hei nëmmen zur Conclusioun kommen dass et sech em e klassesche Fall vu riets-populistescher Propaganda handelt, déi eis Sprooch mëssbraucht fir eng auslännerfeindlech Stëmmung ze schafen. Dat gëtt och ganz einfach duerch d’Aggressivitéit vu verschiddene Kommentare vum Post beluecht an doduerch wéi wéineg de Wee2050 sech dovunner distanzéiert. Et ass also net méiglech ze gleewen dass d’Ziel hei soll sinn, eng ausgeglachen Diskussioun iwwert eis Sprooch unzestoussen.
Addendum bezüglech dem Update vum 27. Oktober: laut enger rezenter Publikatioun vum STATEC wier d’Zuel vun de Leit di 2017 lëtzebuergesch schwätzen erof op ongeféier 60% gefall (also vu 70% erof op 60% a nëmme 6 Joer). Et gëtt zwar absolut kee Grond déi Zuel vun 2017 a Fro ze stellen, allerdéngs ass et wichteg ze bemierken dass si sech nëmmen op d’Alterstranche tëschent 25 a 64 Joer bezitt. Wann een sech dann an där selwechter Publikatioun di aktuell Demographie ukuckt, da mierkt een dass dat do genau déi Alterstranche ass an der den Auslännerundeel am Verglach zu de Lëtzebuerger am héchsten ass; e klengen Detail dee natierlech gäre verschwiege gëtt (cf. Cherrypicking) deen awer dozou féiert dass dee Wäert net einfach op d’Gesamtpopulatioun ka ropscaléiert ginn an dass d’Zuelen vun 2011 an 2017 net wierklech vergläichbar sinn an dofir och keng direkt Conclusioun zum Thema Ofwärtstrend méiglech ass.