Knapps sinn d’Gemengewahlen eriwwer, liest ee nees vill Blödsinn, souwuel an der Press wéi och an de soziale Medien. Hei mol eng kleng Selektioun vun 4 Aussoen di mer opgefall sinn:
- “De Wielerwëllen gouf net respektéiert”: dach, de Wielerwëllen gëtt automatesch respektéiert, an zwar duerch e kloer definéierten arithmetesche Prozess deen am Walgesetz beschriwwen ass an deen dofir suergt dass d’Zuel vun de Setz di all Partei am Proporzsystem kritt, relativ genau dat erëmspigelt wat d’Leit gewielt hunn (et muss een allerdéngs ergänzen dass aus mathematesche Grënn kee Wahlsystem perfekt ka sinn). De Wielerwëllen am Kontext vun der Koalitiounsbildung dogéint gëtt et genau sou wéineg wéi de Wëllerwielen (och wann dës Wuertschöpfung vun eisem fréiere Staatsminister sécher eng Éiereplaz am lëtzebuergeschen Duden verdéngt hätt). Jiddereen wielt fir sech an d’Endresultat ass e Mix vun deem wat all di eenzel Mënsche sech wënschen. E standardiséierte virtuelle Wieler mat sengem eegene Wëllen, deen souzesoen d’ganz Gesellschaft representéiert a wéi en Orakel seet wie mat wiem eng Koalitioun soll oder dierf maachen ass e Mythos. D’Koalitiounsbildung ass de gewielte Parteien iwwerlooss a gëtt net vum Bierger decidéiert.
- “De Jempi ass net Buergermeeschter ginn obwuel en di meeschte Stemme krut”: et ass net automatesch déi Persoun mat de meeschte Stemmen di Buergermeeschter gëtt. Genau sou wéineg sinn et automatesch di 11, 19 oder 27 Leit mat deenen meeschte Stemmen di an de Gemengerot kommen. D’Persounen déi zur Wahl stinn, gehéieren enger Lescht un an déi Leit vun enger Lëscht gehéieren typescherweis der selwechter Partei un. D’Zuel vun de Setz am Gemengerot di enger Partei zoustinn, ass ongeféier (di arithmetesch Detailer kann een am Wahlgesetz noliesen) proportionell zu der Zuel vun de Stemmen di se als Lescht krut. Innerhalb vun enger Lëscht hunn déi Leit de Virrang déi di meeschte Stemmen kruten. Dat heescht et kann duerchaus sinn dass eng gewësse Persoun mat enger gewëssener Unzuel vu Stemmen an de Gemengerot kennt an eng aner Persoun (vun enger anerer Lescht) mat méi Stemmen net.
- “D’Partei X huet di meeschte Stemme kritt an d’Partei Y huet di zweet meeschte Stemmen kritt. Also mussen d’Parteien X an Y eng Koalitioun zesumme maachen”: eng Majoritéit (méi wéi Halschent vun de Sëtzer) kennt doduerch zustanen dass entweder eng Partei d’absolut Majoritéit kritt oder dass sech 2 oder méi Parteien zesummendinn fir eng Majoritéit ze kréien. Dat ass alles. Et gëtt absolut keng Reegel di virschreift wie mat wiem eng Koalitioun muss oder dierf maachen. Genausou wéineg gëtt et eng Reegel di virschreift dass déi Partei mat deene meeschte Stemmen muss an der Koalitioun vertruede sinn. Et ass just sou dass an der Praxis oft déi Partei mat deene meeschte Stemmen d’Initiativ ergräift an decidéiert mat wiem se wëllt Koalitiounsverhandlunge féieren. Wann se sech awer mat kengem eens gëtt oder kee vun deenen anere mat hier wëllt, an aner Parteien ginn sech awer ënnerteneen eens, dann huet se ebe Pech.
- “D’Partei X huet 20% méi Stemme kritt wéi di leschte Kéier. Dofir ass si also kloer de Walgewënner!”: vill Leit (an och Politiker) schéngen ze mengen dass d’Variatioun vun de Stemme méi wichteg wier wéi di absolut Zuel vun de Stemmen. Dat ass falsch. Wahlgewënner ass ëmmer nach déi Partei mat deene meeschte Stemmen (wat awer net heescht dass se automatesch an enger Koalitioun muss landen).
Leider ass d’Press un sou Falschinformatioune net ganz onschëlleg. Natierlech ginn et Toperten ënnert de Politiker, natierlech ginn hannert zouenen Dieren Magouillen gedréit, natierlech si vill Leit onzefridde mam Walresultat an mat de Koalitiounen di dobäi erauskommen, mee vir dann sou allgemeng Zweiwelen un der demokratescher Validitéit vum Wahlprozess ze provozéieren an ze suggeréieren dass engem seng Stemm souwisou net zielt anstatt d’Fakten vum Walgesetz mol kloer duerzeleeën, halen ech fir onverantwortlech.
Wahlgesetz: http://data.legilux.public.lu/file/eli-etat-leg-recueil-elections-20161221-fr-pdf.pdf
Relativ schlechten Artikel aus dem tageblatt: http://www.tageblatt.lu/politik/wahlen/mit-dir-rede-ich-nicht/