Vérité en Détresse

Wee2050 / Nee2015 – Eng Analyse

Advertisements

Eigentlech ass et jo guer net verwerflech sech fir di Lëtzebuerger Sprooch anzesetzen oder sech iwwert de Lëtzebuerger Wuesstemsmodell Gedanken ze maachen. Allerdéngs ass et erschreckend mat wéi enger intellektueller Onéierlechkeet verschidde Gruppéierungen dat säit enger Zäit zu Lëtzebuerg bedreiwen. Wee gemengt hat, eist Land géif vu Post-Truth verschount bleiwen, gouf spéitstens säit dem Referendum 2015 enges Bessere beléiert: dem Wee2015 wäert et virbehale bleiwen, an d’Lëtzebuerger Geschicht anzegoen als dee Club, dee Fake News och hei am Land salonsfäeg gemaach huet.

Dobäi wier et jo sou einfach dës duerchaus interessant a wichteg Themen mam néidegen Anstand ze behandelen: Fakten an Date kéinte gesammelt an analyséiert a Léisungen proposéiert an diskutéiert ginn. Stattdesse gëtt mat Ligen, Hallefwourechten a Verschwierungstheorien ronderëm gehäit wou et nëmme geet. UKIP an Trump hu ville Leit virgemaach wéi einfach et ka sinn d’Leit mat falschen Informatiounen ze manipuléieren, an de Wee2050 léisst sech et net huelen matzemaachen.

2015 als Nee2015 am Kontext vum Referendum iwwert d’Auslännerwahlrecht vum Fred Keup a Steve Kodesch gegrënnt, léisst de Wee2050 keng Geleeënheet aus fir mat provokanten an oft falschen Theorien oder Uschëllegungen d’Opmierksamkeet op sech ze zéien. Op traditionell populistesch Manéier ginn ëmmer erëm d’Medien, etabléiert Politiker an di intellektuell Schichten ugegraff an diskreditéiert. Ganz schnell muss jiddereen deen dësen Trend kritiséiert sech dann selwer de Virworf gefale loossen dat zu Onrecht a net mat den néidegen Argumenter ze maachen.

Mat enger gewësser Genugtuung huet de Wee2050/Nee2015 virun e puer Méint op Facebook en Artikel vun enger gewësser Christine Mandy gedeelt, déi sech doran driwwer opreegt dass eis Sprooch “zu enger Allegorie fir Friemenhaass, Rietspopulismus a Patriotismus ginn ass”. Domat huet se Recht: et ass net seelen dass mam moraleschen Zeigefanger op déi Leit gewise gëtt déi sech fir eis Sprooch asetzen. Et sinn awer grad sou Gruppéierungen wéi de Wee2050/Nee2015, déi doru Schold sinn, well se et ebe grad net verstinn den Amalgamm tëschent enger moralesch zweiwelhafter an enger éierlecher an differenzéierter Ausernanersetzung ze vermeiden. Dofir ass och em sou méi erstaunlech dass grad si deen uewegenannten Artikel als Beispill benotzen, well si jo selwer déi sinn déi déi Associatiounen fidderen.

Aus deem Grond féiert de Wee zu enger konstruktiver Ausernanersetzung mat eiser Sprooch net iwwert d’Ënnerstëtzung vum Wee2050/Nee2015, mee am Géigendeel iwwert seng Bekämpfung an iwwert eng éierlech Opklärung.

Haaptthemen

De Wee beschäftegt sech zur Zäit virum allem mat 2 Haaptthemen aus sengem Fuerderungskatalog: den “Erhalt” vun der Lëtzebuerger Sprooch an den “onkontrolléierte” Wuesstem.

De Status vun der Lëtzebuerger Sprooch féiert zu deelweis hëtzegen Diskussiounen an de soziale Netzwierker. Et gëtt ëmmer erëm versicht mat dubiéise Methoden ze beweisen dass d’Lëtzebuerger Sprooch a Gefor a kuerz virum Ausstierwen wier. Dobäi ass d’Sprooch sou lieweg an dynamesch wéi nach ni virdrun an hirer Geschicht. Et ginn nämlech enorm vill Méiglechkeeten genotzt fir sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch anzesetzen oder fir se aktiv ze ënnerstëtzen.

Um politesche Plang gëtt dat iwwert nei Gesetzer gemaach, wéi zum Beispill dat rezent Gesetz zur Promotioun vun eiser Sprooch, wat eng kloer Strategie verfollegt. Wéi bei all Gesetz ginn et Aspekter déi net jidderengem gläich gutt gefalen, mee et ka kee behaapten datt näischt am Sënn vun der Sprooch geschitt. Et gëtt am Moment och vill diskutéiert iwwert de Stellewäert vun der Sprooch an der neier Constitutioun. Wann een sech d’Evolutioun iwwert d’Joren ukuckt gesäit een dass d’Entwécklung definitiv no vir geet.

An de klassesche Medien gëtt eis Sprooch vill benotzt. Obwuel vill Zeitungen op Däitsch a Franséisch als Haaptsproochen zréckgräifen, gëtt et awer reegelméissege Contenu op Lëtzebuergesch, wéi zum Beispill am “Lëtzebuerger Land”, oder am Magasinn vun der Stad Lëtzebuerg “ons stad”. Di meescht Radiostatiounen hei am Land benotze gréisstendeels Lëtzebuergesch: RTL, 100,7, Radio Ara, Eldoradio, asw. An de soziale Netzwierker ass d’Sprooch och omnipräsent. Et gouf wahrscheinlech nach ni souvill op Lëtzebuergesch geschriwwen wéi haut. Dat eenzegt wat opfält ass dass grad déi Leit déi sech am Meeschten iwwert de Verfall vun eiser Sprooch opreegen meeschtens déi sinn déi och am meeschten Schreiffeeler maachen.

Mee dat ass net schlëmm, well d’Quantitéit un edukativem Material fir d’Sprooch ze léieren oder ze verbesseren ass enorm: d’Luxemburgensia-Regaler an de Librairien si bis uewenhi voll mat Bicher iwwert d’Grammatik an d’Orthographie, mat Dictionnairen, mat Verbentabellen, mat Léierbicher, mat Lëtzebuergesche Romaner, mat Bicher iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht, Kultur a Natur oder mat Kachbicher. Et gi souguer Bicher iwwert Lëtzebuergesch Fluchwieder. Et ginn Internetsäiten wéi moien.lu, schreiwen.lu, bonjour.lu, an et gi Kalenneren fir Lëtzebuergesch ze léieren. Et ginn Online-Dictionnairen a Spellcheckeren. Et gëtt Musek mat Lëtzebuergeschen Texter (Legotrip, de Läb, asw.), et gi Lëtzebuergesch Kinosfilmer (Schacko Klak, de falschen Hond, Le Club des Chômeurs, fir just e puer Klassiker ze nennen). An zu gudder Lescht gëtt et eng Hellewull vun Sproochecoursen, sief dat am INLL oder an enger vun de ville Privatschoulen. Et gëtt iwwregens och Recherche gemaach iwwert eis Sprooch (infolux.uni.lu, Schnëssen) an et gi Statistiken publizéiert, déi weisen dass nawell relativ vill Leit zu Lëtzebuerg, virun allem di Jonk, d’Sprooch schwätzen.

Et ginn also souwuel vill Weeër iwwert déi d’Sprooch aktuell scho promouvéiert gëtt wéi och Méiglechkeeten se nach méi ze fërderen. Dem Wee2050 seng Fuerderungen konzentréieren sech par contre virun allem ganz eesäiteg op den Espace public an op d’Administratiounen, decken also just e marginale Spektrum vun de Méiglechkeeten of, mat deenen een sech fir d’Sprooch kann asetzen. Firwat gëtt zum Beispill sou en eesäitegt Gewiicht op Lëtzebuergesch Stroossennimm oder Stroosseschëlter geluecht? Doduerch wäert sech wuel kaum d’Situatioun vun der Sprooch zu Lëtzebuerg verbesseren, et ass also eng reng Symbolpolitik. Et schéngt éischter dozou ze déngen, fir den “Territoire ze markéieren”, also fir d’Auslänner all Dag drun ze erënneren wou se sinn: “Es geht nicht um die Förderung des Luxemburgischen, es geht auch nicht darum, möglichst vielen EinwohnerInnen Luxemburgs die luxemburgische Sprache näherzubringen, es geht um Abgrenzung und die Wahrung von Privilegien.”

Dat zweet Thema, den Wuesstem vun der Lëtzebuerger Ekonomie, beschäftegt eis Gesellschaft iwwert di lescht Joren ëmmer méi, well en eng Rei negativ Aspekter mat sech bréngt. Och hei ginn et vill interessant Usätz fir sech fir e méi e gesonde Wuesstem anzesetzen an et ginn och vill Aspekter di mussen thematiséiert ginn. Wéi kann een de Liewensstandard erhalen mat engem méi bescheidene Wuesstem? Op wéi eng Pilieren muss sech di Lëtzebuerger Ekonomie an Zukunft stäipen fir d’Ëmwelt besser ze schützen an awer de Rentesystem oprecht ze erhalen? Wéi kann de Räichtum méi gerecht verdeelt ginn? Wéi kann een d’Logementspräisser besser an de Grëff kréien? Wéi eng Roll spillt d’Globalisatioun a wéi wichteg ass et sech dem internationalen Ëmfeld unzepassen? Wéi eng Roll spillt d’Demographie? Alles dat si Froen di nëmmen annähernd kenne weisen wéi komplex d’Thematik ass.

De Wee2050 beschäftegt sech allerdéngs guer net mam Wuesstem am ekonomesche Sënn, entweder well en et net wichteg fënnt oder well e näischt dovu versteet, mee beschränkt sech bal nëmmen exklusiv op de Wuesstem vun der Populatioun an op d’Zounam vun der Zuel vu Frontalieren; et geet kaum em di vill aner Aspekter. Et ginn och kaum Unzeechen dofir dass de Wee2050 iergendwellech konkret Léisungen parat huet fir seng Wonschlëscht ëmzesetzen.

D’Bild ënnendrënner illustréiert wéi wéineg Iwwerschneidung et gëtt tëschent engersäits deene lächerlechen Detailer mat deenen de Wee2050 sech ofgëtt an anerersäits der Panoplie vun Themen déi eng professionell Sproochen- a Wuesstemsdebatt ausmaachen. De folgenden entlarvende Kommentar vum “Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft” vun der Uni Lëtzebuerg bréngt et ganz gutt op de Punkt: “Eng generell seriö Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen, wéi se am Aktiounsplang och ugeluecht ass, ass doriwwer eraus am aktuelle gesellschaftleche Klima och noutwendeg, fir nationalistesch a populistesch Stréimungen, déi d’Lëtzebuergescht stellvertriedend fir aner Ziler instrumentaliséieren, ze begéinen an ze neutraliséieren.”

Et gëtt un Hand vun dëse Beispiller ganz kloer dass et dem Wee2050 éischter manner em de Schutz vun eiser Sprooch oder vun eiser Ëmwelt geet, mee éischter em den Erhalt vun engem fiktiven Proto-Lëtzebuerger deen et eigentlech an der Geschicht vun eisem Land nach ni ginn ass. A priori hunn d’Sprooch an de Wuesstem souguer kaum eppes mateneen ze dinn, wieren do net di vill Auslänner, déi souwuel eis Sprooch “verwässeren”, wéi och verantwortlech sinn fir eis “schlecht” Liewensqualitéit. “Am Fong perpetuéieren „Wee2050/Nee2015“ nëmmen eng al Traditioun vun der extrême droite à la luxembourgeoise: d’Sproocheproblematik mëssbrauchen fir Auslänner a politesch Géigner unzegräifen.”

Methodik

Verbreedung vu Mythen

Wee kaum Inhalter a Fakten ze bidden huet, gräift traditionell gären op Mythen zréck. Hei sinn als Illustratioun dräi typesch Mythen wéi se vum Wee2050 verbreet ginn:

“Mir sinn di politesch Mëtt.”

Ronn 80% vun der Wielerschaft ware fir de Nee beim Referendum zum Auslännerwalrecht: doraus entstanen ass de Mythos vun enger geschlossener Gesellschaft, vun der politescher Mëtt. Si ass en Ausdrock vum Alleinvertretungsusproch deen een an deene meeschte populistesche Stréimungen erëmfënnt, a steet deene korrupten Elitten géigeniwwer, déi laut dem Mythos integral ënnert enger Decke stiechen (a natierlech fir de “Jo” Reklamm gemaach hunn). Dat ass eng Form vun Discours déi och beim FN a Frankräich ganz beléift ass.

Wat dobäi vergiess gëtt: géint (oder fir) di selwecht Saach ze sinn, heescht net dass een politesch oder ideologesch iwwerenee stemmt. Eng binär Äntwert wéi vum Referendum gefuerdert, léisst leider net vill Spillraum fir politesch Nuancen. Et ginn eng Abberzuel vu méigleche Grënn fir mat “Nee” gestemmt ze hunn. Et kann een och souwuel mat engem falsche Raisonnement wéi mat engem richtege Raisonnement zur selwechter Konklusioun kommen. Déi wéinegst vun deenen 80% wäerten sech awer vum Wee2050 representéiert fillen. Dass d’Resultat vun deenen 80% dem Wee2050 säi Verdéngscht soll sinn ass also pure Blödsinn.

“D’Lëtzebuerger Sprooch ass a Gefor.”

Ëmmer erëm weist de Wee2050 op senger Facebooksäit drop hin dass d’Lëtzebuerger Sprooch virum Ausstierwe wier. Meeschtens gëtt op eng Etüd vun der Unesco higewisen, déi dat géif beleeën.

D’UNESCO hat effektiv 2002/2003 d’Entwécklung vun engem Framework an Optrag ginn, mat deem een d’Vitalitéit vun enger Sprooch ka bestëmmen. Den Haaptmessage ass dass een eenzele Kritär net duergeet fir den Zoustand vun enger Sprooch ze bestëmmen, mee dass ganzer 9 Kritären néideg sinn, fir eng zouverlässeg Ausso iwwert hier Situatioun kennen ze maachen. Vum Wee2050 gëtt awer nëmmen een eenzegen vun deene 9 Kritäre benotzt, an zwar deen deen, wann eleng betruecht, eng ganz besonnesch dramatesch Situatioun ze illustréiere schéngt. Well di aner 8 Kritären, wéi zum Beispill d’absolut Zuel vun de Leit déi d’Sprooch schwätzen, wéi zouverlässeg d’Sprooch tëschent de Generatioune weidergi gëtt oder wéi gutt d’Sprooch dokumentéiert ass, mat kengen Wuert erwäänt ginn, si mer hei an engem ganz klassesche Fall vun Cherrypicking, d.h. eng Approche wou nëmmen déi Informatioune gewise ginn, déi en Accord sinn mam Message deen ee wëllt weiderginn a wou anerer, déi dee Message net ënnerstëtzen oder him souguer widderspriechen, gezielt ewech gelooss ginn. De Wee2050 geet souguer souwäit ze behaapten dass “déi absolut Zuel vun deenen, déi Lëtzebuergesch schwätze KËNNEN, (…) net relevant (ass) fir d’laangfristegt Iwwerliewe vun eiser Sprooch”.

De Wee2050 behaapt also dass “lëtzebuergesch Sprooch bedréit ass” mam Verweis op d’UNESCO, déi dat géif confirméieren. D’UNESCO behaapt awer nëmmen dass d’Letzebuergesch vulnerabel ass, wat op der entspriechender Skala vun 6 Stufen nëmmen déi 2. vun uewen ass (déi éischt Stuf bezeechent Sproochen déi ‘safe’, also sécher, sinn).

Op d’Limitte vun der UNESCO-Etüd gouf och schonn op verschiddene Platzen vun Experten higewisen, wéi zum Beispill an engem Pressecommuniqué vum “Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises” vun der Uni Lëtzebuerg deen d’Konklusiounen vun der UNESCO-Etüd ganz kloer entschäerft an op hier 9 Kritären eenzel ageet (de Wee2050 dogéint fixéiert sech vehement ëmmer nëmmen op ee speziellen vun deene 9).

Och eng rezent Ëmfro vun TNS-ILRES liwweren en duerchaus méi nuancéiert Bild vun der Sproochesituatioun wéi dat wat gäre vum Wee2050 propagéiert gëtt. Anstatt d’Resultater zur Kenntnis ze huelen als dat wat se sinn, nämlech basesch Fakten, gëtt carrement d’Representativitéit vun der Ëmfro ugezweiwelt oder och direkt d’politesch Neutralitéit vun TNS-ILRES a Fro gestallt.

En Artikel aus der Woxx bréngt d’Saach treffend op de Punkt: “Le paradoxe est compréhensible : la conscience linguistique du luxemburgeois a augmenté, tout comme sa pratique, ce qui rend d’autant plus visibles les domaines ou situations où le luxembourgeois est davantage absent.” Déi Plaze wou et Nobesserungsbedarf gëtt, géif kee bemierken wann d’Präsenz vun der Sprooch net scho sou grouss wier.

“Di éischt Franséisch Kinneken hu Lëtzebuergesch geschwat.”

Wtf? Dat do ass ongeféier sou wéi wann ee géif soen “di éischt réimesch Keeseren si mam Fliger an d’Vakanz geflunn”. Wéi soll een dogéint kennen argumentéieren? Mat enger Persoun déi op deem dote Niveau basesch Fakten verdréit a verweigert ass eng konstruktiv Diskussioun net méiglech. An trotzdeem ass et meeschtens de Géigeniwwer deen an der Bréngschold steet, ganz nom Motto: “Show me the evidence!” Deen eenzegen Trouscht ass dass dat Behuelen entlarvend ass well et beweist dass een et mat der Wourecht net sou genau hellt.

Onwëssenschaftlechkeet

De Wee2050 ass Spezialist am Verbreede vu falschen Informatiounen an am manipulative Kombinéieren vu Fakten a Net-Fakten. Gäre gi Saachen aus dem Kontext eraus behaapt a mat zweiwelhafte Kurven “beluecht” (klassesch Techniken ginn hei entlarvt). Wat de Michael Shermer an engem Artikel iwwer Klimawandelskeptiker schreift, nämlech “the one thing they seem to have in common is methodological flaws like cherry picking, curve fitting, ignoring inconvenient data, …”, kéint genau sou gutt och dem Wee2050 gëllen. Systematesch gi just déi Publikatioune benotzt déi dem Wee2050 seng Ideologie ënnerstëtzen; déi grouss Quantitéit vun Informatioune déi seng Idéen widderléen, gëtt stëllschweigend ignoréiert.

Populismus, Antielitarismus an d’Spill mat der Angscht

Wee fir sech beusprocht di politesch Mëtt ze sinn, also quasi di eenzeg legitim Representatioun vun engem groussen Deel vun de Wieler ze sinn, a parallel dozou falsch Informatiounen an Ëmlaf bréngt, kann duerchaus als populistesch bezeechent ginn.

Am Ëmfeld vum Populismus stéisst ee meeschtens och op e grousst Mësstrauen vis-à-vis vun Experten a Spezialisten: “I don’t trust educated intellectuals, elitists who know more than I do. I’d prefer to vote for somebody like me, rather than somebody who is actually qualified to be President.” Wee muss net schmunzelen bei sou engem Zitat? An dach misst spéitstens zënterhier den Donald Trump als President gewielt ginn ass jidderengem kloer sinn wat geschitt wa Leit sech vum Antielitarismus ustieche loossen. De Wee2050 bretzt sech zwar net wéi den Donald Trump domat, vun komplexen Themen wéi zum Beispill dem Wuesstem keng Anung ze hunn, léisst awer keng Geleeënheet aus ëmmer erëm ofwiesselnd d’Regierung, veschidde Politiker, Experten oder soss Persounen aus de Ëffentlechkeet als domm, inkompetent oder mal-intentionnéiert duerzestellen, wéi et an dësem Artikel vum Lëtzebuerger Land mat e puer Beispiller illustréiert gëtt.

Wat och ëmmer erëm gutt fonctionnéiert, ass mat der Angscht ze spillen. Katastrophenzeenarien hunn sech als äussert wierksam erwisen fir Mënschen ze beaflossen. De Nobelpräis-priméierte Psycholog Daniel Kahnemann ass bekannt fir séng Duerstellung dass an eisem Gehir zwee Systemer lafen: “System 1 is your quick, intuitive, emotional responses, like being afraid when you hear that a space station could fall on your head. System 2 is the deliberate, reasonable response that takes a lot of cognitive energy, like slowing down to calculate the probability that the space station will actually fall on your head. You can’t stop System 1 from running, and emotions are powerful. Unfortunately, not a lot of people take the time to do the calculations, and so they remain afraid.” Ween capabel ass (souwuel intellektuell wéi och ethesch) des mënschlech Schwächt auszenotzen ass op der gewonnener Säit. An dësem Fall brauch een d’Weltraumstatioun nëmme mat der Lëtzebuerger Sproochesituatioun oder dem “onkontrolléierte” Wuesstem ze ersetzen a scho kann een d’Leit mat e puer onfundéierten Aussoen bei d’Lisette loossen.

Keng konkret Proposen

Dovun ofgesinn dass d’Lëtzebuerger Sprooch eigentlech net a Gefor ass, gi sou gutt wéi keng sënnvoll Virschléi vum Wee2050 gemaach, wéi een d’Sprooch da kéint aktiv ënnerstëtzen, wann et wierklech sou wier. Jo, et stemmt, de Wee mécht der eng Rei op hirem Site, mee si sinn entweder trivial an onnëtz, wéi zum Beispill d’Verfaasse vun de d’Stoosseschëlder op Lëtzebuergesch, oder utopesch, wéi zum Beispill d’Iwwersetzen vun de Gesetzer op Lëtzebuergesch, oder géint Auslänner geriicht déi sech net schnell genuch upassen. Konkret a sënnvoll Aktiounen ginn awer kaum ënnerholl, ausser vläicht deen een oder aneren Politiker ze diffaméieren oder e freche Bréif un iergendee Ministère ze schécken.

Mantrahaft gëtt de Leit vum Wee2050 ëmmer erëm agetriichtert dass all Joer ëm déi zegdausend Aarbechtsplaze zu Lëtzebuerg géife bäikommen, vun deenen der awer nëmmen e Brochdeel aus der aktueller Bevëlkerung besat kéinte ginn an dass de Rescht misst duerch Zouwanderung an Frontalieren ofgedeckt ginn, wat da géif zu engem ongesonde Wuesstem zu Lëtzebuerg féieren. D’Zuele selwer sinn zwar net falsch, mee et handelt sech awer nëmmen em eng Bestandsopnam. Op di konkret Fro wéi de Wee2050 da géif de Wuesstem bremsen wees den Här Keup awer keng Äntwert, wéi hien zum Beispill ausdrocksvoll an engem Kloertext op RTL beweist. Fir eng Beweegung déi sech de Wuesstem als ee vun zwee Haaptthemen op de Fändel geschriwwen huet, ass dat net manner wéi blamabel.

Mangelnd Distanzéierung vun rietsextremen Influenzen

Dass de Wee2050 (an iwwregens och d’ADR, mat der se an di nächst Chamberwale ginn) kee Problem domat hunn, wann verschidde Leit op hirem Site ganz offen rietsextrem Meenungen vertrieden, oder soss äussert dubiéis Aussoe maachen, gëtt mat vill Méi vu Leit wéi dem Maxime Weber op sengem Blog dokumentéiert. Et kéint natierlech theoretesch duerchaus sinn dass engem bei der Hellewull vu Commentairen déi all Dag op Facebook vun de Wee2050 Followers verëffentlecht ginn deen een oder aneren duerch d’Fanger rutscht, mee och konkret op déi Aussoe ugeschwat, fënnt de Fred Keup et net fir néideg sech dovun ze distanzéieren a probéiert deelweis se souguer kleng ze rieden, wéi zum Beispill an engem Interview op RTL Radio ersiichtlech. Den entlarvende Spëtznumm “Biedermann” kennt also net vun ongeféier. Et gëtt hei wuel konkret drëm eng gewësse Wielerschaft net ze verprellen. Parallelisme mat der däitscher AfD gi spéitstens hei däitlech.

Geschichtsrevisionismus a vermeintlech Rettung vun der Lëtzebuerger Kultur

Symptomatesch fir de Wee2050 ass och déi réckwärtsgewandte Romantiséierung an Idealiséierung vun der Lëtzebuerger Geschicht a vun der Sproochesituatioun wéi et se eigentlech nach ni ginn ass an déi scho bal lächerlech obsessiv an infantil Beschäftegung mat de “grousse Pilieren” vun der sougenannter Lëtzebuerger Kultur: mat Liichtmëssdag, mam Kleeschen a mat der Sprangprëssessioun. Dass d’Lëtzebuerger Kultur mat hire sëlleche Beispiller aus Theater, Konscht, Film, Literatur a Musek wahrscheinlech sou räich an dynamesch ass wéi ni virdrun, héiert ee ni.

Konklusioun

Politesch gesinn ass de Wee2050 also ganz kloer eng Null-Nummer. Ween d’Nimm vum Wee2050 ukräizt muss sech bewosst sinn dass en dilettantesch, ignorant oder mal-intentionnéiert Kandidate wielt di weder eng Anung vun hiren Haapttheme nach e konkrete Plang hunn wéi se hier Zieler wëllen ëmsetzen. Ween eppes fir d’Sprooch oder d’Wuesstemssituatioun wëllt ënnerhuelen, hätt besser sech un aner Parteien ze wenden oder selwer e Bäitrag ze leeschten.

Advertisements

Advertisements