Haut viru bal genau 100 Joer, den 8. Mee 1919, huet d’Chamber fir eng Verfassungsrevisioun gestëmmt, déi zu engem Wendepunkt am politesche Liewen vum Grand-Duché gouf. Virun deem Datum huet d’Walrecht nëmme fir männlech Bierger iwwert 25 Joer gegollt an ënnerlouch dem Zens, engem gesetzlech festgeluechte Geldbetrag, deen a Form vu Steieren am Laf vum Joer an d’Staatskeess huet misse bezuelt ginn. Domat war d’Walrecht un e gewësse Räichtum gebonnen. D’Argument deemools war, dass nëmme Leit mat gewësse finanzielle Moyenen déi néideg Bildung hätten fir um politesche Liewen kennen deelzehuelen.
Mat der Verfassungsrevisioun gouf d’allgemengt Walrecht agefouert, wat bedeit dass ab dunn all Bierger, dat heescht all Mann a virun allem och all Fra, iwwer 21 Joer konnt wiele goen (1972 gouf déi Altersgrenz op 18 Joer erofgesat). Dat neit Walrecht hat eng zweefach Auswierkung op di politesch Landschaft: éischtens ass d’Proportioun vun de Wieler an der Populatioun schlagaarteg vun 14% op 56% eropgaangen an zweetens huet et der Dominanz vun de Notairen en Enn gesat.
Haut, 100 Joer méi spéit, steet d’Walrecht viru neien Erausfuerderungen. Wat deemools e grousse Schrëtt no fir war gehéiert haut a ville Länner zur Normalitéit. Gläichzäiteg hu sech awer iwwert d’Joren nei Problemer an Ongerechtegkeeten erausgeschielt. D’Proportionalwalrecht, dat eigentlech soll sécherstellen dass all Wieler mat gläichem Gewiicht zum Walresultat bäidréit an dass d’Proportioun u Sëtz, déi eng Partei an der Chamber kritt, méiglechst no um Walresultat ass, weist eng Rei Schwächten op, déi net méi zäitgeméiss sinn.
An de Lëtzebuerger Medien ginn déi Problemer reegelméisseg erwäänt, virun allem no de Walen, sou och erëm Enn 2018. Seele gëtt awer op eng kloer a verständlech Aart a Weis erkläert, wat bei Chamberwalen genau um mathematesche Plang geschitt, a firwat verschidden Alternative méi eng grouss Gerechtegkeet kéinte schafen. Dësen Artikel probéiert genau do unzesetzen andeems en dem Lieser d’Lacune vum System an och verschidde Léisungsvirschléi méi no bréngt, an der Hoffnung en iwwert dee Wee méi fir de Sujet ze sensibiliséieren. Et muss een sech awer bewosst bleiwen dass d’Thematik vun der Walarithmetik extrem komplex ass an dass Verbesserungen déi op den éischt Bléck villverspriechend kléngen oft mat neie Problemer verbonne sinn.
Eng Stëmm ass net gläich eng Stëmm
Viru 1988 war d’Zuel vun de Sëtzer an der Chamber proportionell zu der Gesamtbevëlkerung an dofir ass se tëschent 1959 an 1984 lues a lues vun 52 op 64 Sëtz geklommen. Dat huet bedeit dass d’Zuel vun den Awunner pro Deputéierte ongeféier konstant bliwwen ass, an zwar em di 6000 Awunner pro Sëtz. Eventuell Fluktuatiounen kommen duerch d’Ronnungsfeeler, well d’Zuel vun de Sëtz jo muss eng ganz Zuel sinn. Fir dass d’Chamber net ëmmer weider wuesse géif, gouf mat der Verfassungsrevisioun vum 20. Dezember 1988 d’Zuel vun de Sëtz an der Chamber op 60 fixéiert (Art. 51 vun der Verfassung), wat bedeit dass zënterhier d’Zuel vun den Awunner pro Deputéierte erop geet.


An der Verfassung ass festgehalen dass d’Deputéierten sech op 4 Walbezierker verdeelen. D’Opdeelung vun de Sëtz tëschent de Bezierker ass säit 1988 folgendermoossen am Walgesetz festgeluecht (Art. 117 vum Walgesetz):
- Zentrum (Lëtzebuerg a Miersch): 21 Deputéiert
- Süden (Esch-Uelzecht a Capellen): 23 Deputéiert
- Norden (Dikrech, Réiden, Wolz, Klierf a Veianen): 9 Deputéiert
- Osten (Gréiwemaacher, Réimech an Iechternach): 7 Deputéiert

Si koum fir d’éischte Kéier bei de Wale vun 1989 zum Asaz. D’Zuelen goufe sou fixéiert dass d’Proportiounen ongeféier de Proportiounen vun der Bevëlkerung em 1988 entsprach hunn. D’Festleeë vun der Zuel vun Deputéierten pro Walbezierk féiert awer zum Problem dass d’Gewiichtung vun de Stemmen variéiert wann sech d’Proportiounen vun der Populatioun am Laf vun der Zäit tëscht de Walbezierker verännert, wat als Konsequenz huet dass eng Stëmm net iwwerall gläich vill wäert ass. Dat gesäit een op de folgende Grafiken, wou virun allem d’Proportiounen vun de Walbezierker Zentrum a Süden säit 2013 relativ staark vun der Proportioun vun de Sëtzer ofwäichen.


De Süden an den Zentrum hunn zum Beispill 23 an 21 Sëtz, wat respektiv 38.3% an 35% vun de Sëtz entsprécht. 2018 huet d’Awunnerzuel aus dem Bezierk Süden awer just 37.4% vun der Populatioun ausgemaach (-0.9% Ofwäichung), géint 35.7% am Zentrum (+0.7% Ofwäichung). Wann ee bedenkt dass ee Sëtz vu 60 ongeféier 1.67% entsprécht, dann heescht dat dass bei enger géigeleefeger Ofwäichung vun ongeféiert 0.83% bei 2 Bezierker ee Sëtz vun deem engen un deen anere misst goen. Wann den Trend also sou weider geet, da misst bei de Walen 2023 de Süden e Sëtz un den Zentrum oftrieden.
Déi ganz Iwwerleeungen si natierlech baséiert op der Hypothees dass d’Zuel vun de Sëtz soll proportional zu der Awunnerzuel sinn a berécksiichtegt net d’Problematik dass d’Proportioun vun de walberechtegten Awunner am Verglach zu der Gesamtawunnerzuel net nëmme réckleefeg ass mee och zu nach méi staarken Diskrepanzen tëscht de Bezierker féiert. D’walberechtegt Awunner aus dem Zentrum hunn zum Beispill 2018 just ronn 27% vun all de walberechtegten Awunner ausgemaach, géint ronn 40% am Süden. Wann een dat mat de Proportioune vun de Sëtz an der Chamber vergläicht, dann heescht dat dass eng Stëmm am Zentrum vill méi wäert ass wéi eng Stëmm am Süden. Ofgesinn vum Demokratiedefizit deen entsteet wann eng Minoritéit vun den Awunner e Parlament fir d’Totalitéit wielt, entsteet sou och eng staark Verzerrung tëscht de Walbezierker. Dat ass eng politesch staark opgelueden Thematik, déi an dësem Artikel net weider adresséiert gëtt, déi awer um politesche Plang onbedéngt muss an Ugrëff geholl ginn.
Duerch een eenzege globale Walbezierk géif dee Problem geléist ginn, mee dat géif awer och nei Problemer mat sech bréngen, mol ofgesinn dovun dass een heifir och d’Verfassung misst änneren. Wéi méi wäit ënne beschriwwen, ass et awer net di eenzeg méiglech Léisung, well et ginn zimlech interessant Alternativen. Fir d’éischt musse mer eis awer mol den aktuelle Walsystem méi genau ukucken.
Eng gerecht Verdeelung?
Am Proportionalwalrecht geet et drëm d’Sëtzer sou un di verschidde Parteien ze verdeelen dass hier Proportiounen méiglechst no un d’Proportioune vun de Stemmen erukënnt, déi all Partei krut (Idealusproch). Loosse mer als Beispill unhuelen et wieren 7 Sëtz ze verdeelen a mir hätten dat folgend Walresultat:

D’lëtzebuergescht Walgesetz gesäit eng Rechemethod fir bei där et fir d’éischt zu enger Grondverdeelung vu Sëtz kennt. Heibäi gëtt d’Gesamtzuel vun de gültege Stëmmen duerch Zuel vun de Sëtz plus 1 gedeelt a no uewen opgeronnt, wat dann dem “nombre électoral” entsprécht. Duerno gëtt d’Zuel vun de Stemmen vun all Lëscht duerch dëse “nombre électoral” gedeelt an d’Resultat ofgeronnt, woumat een eng éischt Verdeelung vun de Sëtz erhält. De “nombre électoral” wier also am Beispill (2200+ 3400 + 2300 + 1400)/(7 + 1) = 1163. D’Grondverdeelung géif also zum folgende Resultat féieren:

Domat sinn also nëmme 5 Sëtz no dësem éischte Schrëtt verdeelt. Wann op dës Manéier net all Sëtz kenne verdeelt ginn, da fënnt eng zousätzlech Verdeelung vu Sëtz statt, déi sougenannte Reschtsëtz. D’Zuel vun de Stëmme vun all Lëscht gëtt duerch d’Zuel vun de Sëtz di se bis dohi krut plus 1 gedeelt. Déi Lëscht déi dobäi dat héchste Resultat kritt, kritt ee Sëtz bäi. Wa bis dohin nach ëmmer net all Sëtzer verdeelt sinn, da gëtt dëse leschte Schrëtt widderholl, bis all d’Sëtzer vergi sinn. Am Beispill féiert dat no 2 Iteratiounen zum Endresultat.

Et héiert a liest een oft, dass des Rechemethod déi zu Lëtzebuerg, mee och a villen anere Länner benotzt gëtt, déi grouss Parteie bevirdeelegen an di kleng benodeelegen géif. Ass dat esou a wa jo, firwat? Fir déi Fro ze beäntwerten muss een sech kuerz en Iwwerbléck iwwert déi geleefegst Methoden verschafen.
Rechemethoden am Verglach
Et gin zwou Haaptkategorien vu Rechemethoden fir d’Sëtzverdeelung an engem Parlament ze bestëmmen: Divisormethoden a Quotemethoden. Aner interessant, mee méi exotesch Methoden, wéi zum Beispill mathematesch Optimisatiounsalgorithmen, ginn hei net weider erwäänt.
Bei de Quotemethoden gi fir d’éischt all Partei souvill Sëtz zougeuerdent wéi bei der no ënne geronnter Quot eraus koumen. D’Quot ergëtt sech duerch d’Divisioun vun de Stemmen duerch d’Zuel vu de Mandater (Hare-Quota) oder duerch d’Zuel vun de Mandater plus eent (Droop-Quota). D’Reschtsëtz ginn da no enger bestëmmter Reegel verginn. Déi bekanntste Method ass d’Hare-Niemeyer-Method (och Hamilton-Method genannt): hei ginn d’Reschtsëtz no der Gréisst vun dem Nokommaundeel vun der Quot un di verschidde Parteie verdeelt.
D’Quotemethoden si net immens beléift well bei hinne sougenannte Monotoniefeeler kennen optrieden. Sou kënnen bei hinnen een oder méi vun enger Rei vu Paradoxen optrieden (d’Hare-Niemeyer-Method zum Beispill huet se all), déi am allgemengen onvermeidbar sinn an domat d’Gerechtegkeet vun dëse Methoden staark a Fro stellen:
- Alabamaparadox: bei enger Erhéijung vun der Sëtzzuel bei gläicher Stëmmeverdeelung kann eng Partei e Sëtz verléieren.
- Parteizouwuesparadox: duerch d’Wechsträiche vun enger Partei mat hire Stëmmen a Sëtz kann eng aner Partei Sëtz verléieren oder dobäigewannen.
- Populatiounsparadox: bei engem liicht anere Walresultat kann eng Partei trotz Stëmmegewënn ee Setz verléieren an eng aner Partei trotz Stëmmeverloscht e Setz gewannen.
Di lëtzebuergesch Rechemethod, am technesche Jargon “Hagenbach-Bischoff” genannt, gehéiert zu der Kategorie vun den Divisormethoden an ass als solch net vun den uewegenannte Paradoxen betraff. Zwou aner Rechemethoden, déi “d’Hondt” respektiv “Jefferson” heeschen, si just 2 zousätzlech Säiten vun der selwechter Medail well di 3 Methoden sinn ënnerschiddlech, mee mathematesch equivalent Algorithmen déi vun deene jeeweilege Persoune, no deenen se benannt goufen, agefouert goufen an ëmmer zu genau deem selwechte Resultat féieren.
Jefferson/Hagenbach-Bischoff/d’Hondt
Den Jefferson-Algorithmus, also eng vun den equivalente Variante vun der Hagenbach-Bischoff Method, ass besonnesch gutt gëeegent fir deen uewegenannte Problem vun der Ongerechtegkeet ze illustréieren. Fir d’éischt gëtt den Idealusproch vun all Partei, ausgedréckt an Zuel vu Sëtz, ausgerechent. Dat gëtt gemaach andeems een d’Stemme vun all Partei duerch e gëeegenten Diviseur (Stemme pro Sëtz) deelt (9300/7 = 1329):

Grafesch kann een dat folgendermoossen duerstellen, wou all giele Punkt fir d’Zuel u Sëtz vun der respektiver Partei steet:

Da ginn d’Sëtz ofgeronnt. Grafesch kann een dat ofliesen un der bloer Case ënnert der sech all giele Punkt befënnt. Zum Beispill ginn all Wäerter tëschent 0 an 1 op 0 ofgeronnt. D’Gesamtzuel u Sëtz di ee sou erhält läit wéinst dem Ofronnen an der Reegel ënnert deenen erfuerderleche 7. Den Diviseur muss elo lues a lues sou laang verklengert ginn, bis dass d’Zomme vun de Sëtz vun all Partei d’Gesamtzuel u Sëtz ergëtt. Datt geschitt am Beispill ab engem Wäert vun ongeféier 1129 (a bleift sou fir eng Zäitchen och mat méi niddrege Wäerter). Di 7 Sëtz si verdeelt an d’Opdeelung ass wéi erwaart identesch mat der Hagenbach-Bischoff Method.

Grafesch entsprécht dat enger Streckung vun der Linn mat de giele Punkten, e bëssche wéi wann di giel Punkten op engem Lastik festgemaach wieren. D’Resultat gesäit elo folgendermoossen aus:

Et ka sinn dass nom éischten Ofronnen d’Gesamtzuel vu Sëtz stëmmt, mee meeschtens ass d’Zuel awer méi niddreg, so dass de Lastik muss gestreckt ginn, wat awer als Folleg huet dass di grouss Parteien bei der Streckung proportionell méi wuessen. Dat ass d’Ongerechtegkeet vun der bei dëser Method geschwat gëtt. An Zuelen ausgedréckt hu mer elo zum Beispill mat engem Diviseur vun 1129 de folgenden Zouwuess u Sëtz am Verglach zum Idealupsproch:

Et gesäit een däitlech dass di gréisst Partei mat engem Zouwuess vun 0.45 Sëtz wesentlech besser ewech koum wéi di klengst mat engem Zouwuess vu nëmme 0.19. Et kann zwar sinn dass jee no Walresultat an no Ofrënnen eng kleng Partei heiansdo besser ewech kennt wéi eng grouss, mee dat ass bei dëser Method seelen an am Duerchschnëtt kommen di grouss besser ewech. Wann een den Idealusproch mat der geronnter Zuel u Sëtz vergläicht, da gesinn d’Ecarten esou aus:

Adams
Et gëtt eng alternativ Method bei der d’Ofronnen duerch Opronnen ersat gëtt. Si heescht Adams-Method. Erëm gëtt duerch di selwecht Zuel gedeelt, mee des Kéier gëtt opgeronnt, wat als Folleg huet dass no der éischter Berechnung ze vill Sëtz verdeelt goufen:

Grafesch stellt sech d’Situatioun elo folgendermoossen duer:

Zum Beispill ginn elo Resultater tëschent 0 an 1 op 1 opgeronnt. D’Gesamtzuel u Sëtz di ee sou erhält läit wéinst dem Opronnen an der Reegel iwwert deenen erfuerderleche 7, an dësem Fall bei 9. Den Diviseur muss elo lues a lues sou laang vergréissert ginn, bis dass d’Zomme vun de Sëtz vun all Partei d’Gesamtzuel u Sëtz ergëtt. Dat geschitt an dësem Fall bei engem Wäert em di 1700.

Grafesch entsprécht dat enger Stauchung vun der Linn mat de giele Punkten.

An Zuelen ausgedréckt hu mer elo zum Beispill mat engem Diviseur vun 1700 de folgenden Zouwuess u Sëtz am Verglach zum Idealupsproch:

Et gesäit een däitlech dass dës Kéier di klengst Partei mat engem Verloscht vun 0.23 Sëtz wesentlech besser ewech koum wéi di gréisst mat engem Verloscht vu 0.57 Sëtz. Wann een den Idealusproch mat der geronnter Zuel u Sëtz vergläicht, da gesinn d’Ecarten esou aus:

Et ass also keng vun deenen zwou Methoden wierklech zefriddestellend. Bei der éischter sinn di grouss Parteien am Duerchschnëtt am Virdeel, bei der zweeter Method sinn et déi kleng Parteien. Am Fachjargon seet een dass déi zwou Methoden verzerrt sinn, d.h. bei enger grousser Zuel vu Walresultater si se net neutral vis-à-vis vun der Gréisst vun der Partei.
Webster/Sainte-Laguë
Et gëtt eng drëtt Method, di sougenannten Sainte-Laguë oder Webster Method, bei der net permanent op- oder ofgeronnt gëtt, mee bei der op di nooste ganz Zuel geronnt gëtt.

Grafesch stellt sech d’Situatioun elo folgendermoossen duer:

Zum Beispill ginn elo Resultater tëschent 0 an 0.5 op 0 ofgeronnt a Resultater tëschent 0.5 an 1 op 1 opgeronnt. D’Gesamtzuel u Sëtz di ee sou erhält läit wéinst dem Ronnen op di nächst ganz Zuel entweder iwwert oder ënnert deenen erfuerderleche 7. Den Diviseur muss also jee no Fall verklengert oder vergréissert ginn, bis dass d’Zomme vun de Sëtz vun all Partei d’Gesamtzuel u Sëtz ergëtt. Des Method huet déi flott Eegenschaft dass se onverzerrt ass, dat heescht bei enger grousser Zuel vu verschiddene Walresultater kennt et net zu enger systematescher Ofwäichung tëschent Mandat- a Stëmmeverdeelung.
D’d’Hondt-Method gouf zum Beispill an den USA an der Mëtt vun 19. Joerhonnert ofgeschaaft, wou se dozou benotzt gouf fir d’Sëtzverdeelung pro Staat am Representantenhaus ze berechnen. Och fir d’Bundestagswahlen an Däitschland gouf des Method 1985 ofgeschaaft. A béide Fäll gouf se duerch eng Quote-Method ersat, wat zwar besser ass mee leider nach ëmmer net optimal. Wëssenschaftlech Analysen weisen dass d’Sainte-Laguë-Method no deene meescht Kritären am beschten ofschneit. Et wier méiglecherweis och fir Lëtzebuerg wënschenswäert d’d’Hondt-Method duerch déi méi à priori gerecht Sainte-Laguë-Method ze ersetzen. Et ginn allerdéngs och kloer Argumenter géint sou Ännerungen. Sou argumentéiert zum Beispill d’Europaparlament dass et Kritäre ginn, déi der méiglechst genauer Proportionalitéit kéinten iwwergeuerdent sinn.
Doduerch dass am Moment zu Lëtzebuerg eng Dräierkoalitioun un der Muecht ass, déi aus Parteie besteet, déi et virun 2013 gewinnt waren entweder Juniorpartner an enger Koalitioun mat der CSV oder als relativ kleng Partei an der Oppositioun ze sinn, misst ee mengen dass de politesche Wëllen fir d’Walgesetz an déi uewegenannte Richtung ofzeänneren méi grouss wéi ënnert CSV-geféierte Koalitioune misst sinn. Op de blo-rout-grénge Projet an der Versioun 2.0 de néidege politesche Courage fir eng entspriechend Reform wäert opbréngen, steet awer nach an de Stären.
Divide et impera
Leider ass et awer mat enger Ännerung vun der Rechemethod net gedoen, well en zousätzleche Problem dora besteet dass d’Andeelung vum Land a Walbezierker eng eventuell Verzerrung vun de Resultater verstäerkt. Huele mer un et wieren erëm 7 Sëtz ze verdeelen a mir hätten dat selwecht Walresultat wéi virdrun. D’Sëtz gi nees mat der Hagenbach-Bischoff Method verdeelt.

Huele mer elo un d’Land géif aus 2 Walbezierker amplaz engem eenzegen bestoen, ee mat 4 Sëtz an ee mat 3 Sëtz, an dass all Partei géif an all Walbezierk genau déi selwecht Proportioun u Stëmme kréien wéi virdrun. Dann hätte mer elo dat folgend Resultat:

Wéi ee gesäit kennt et zu nach méi enger grousser Verzerrung vum Walresultat: d’Partei D huet ee Sëtz un d’Partei A verluer. Di kleng Parteie leiden am allgemengen am meeschten un dëser Situatioun a verléieren oft Sëtz un eng oder méi vun deene méi grousse Parteien, an dat obwuel d’Gesamtzuel vun de Stëmme pro Partei an deenen zwee Zeenarien identesch ass. De Problem bleift bestoen, egal wéi gerecht d’Rechemethod, déi an den individuelle Walbezierker applizéiert gëtt, ass.
Anescht ausgedréckt kann ee soen, dass, wat de Walbezierk méi kleng ass, eng Partei méi Stëmme brauch fir e séchere Sëtz am Parlament ze kréien. Sou kënnt et dass eng Partei am Zentrum an am Süden nëmme respektiv 4.5% an 4.2% brauch fir ee Sëtz sécher ze kréien, wougéint se am Norden an am Osten 10% an 12.5% brauch. Eng Prozenthürd mécht zwar Sënn fir eng Fragmentéierung vun der Parteielandschaft ze verhënneren, mee si sollt awer iwwerall di selwecht sinn (zum Beispill 3% oder 5%).
Wat kann een also maachen fir déi Situatioun ze verbesseren? Eng Méiglechkeet wier fir d’Walbezierker ofzeschafen, wéi ëmmer erëm gefuerdert gëtt (wéi zum Beispill an enger rezenter Petitioun), mee dat ass net nëmme schwiereg well d’Walbezierker an der Verfassung festgehale sinn (d’ailleurs och am Projet vun der neier Verfassung), mee och well et eng Rei nei Problemer mat sech géif bréngen, wéi zum Beispill dass dann all Wieler misst 60 Stëmmen ofginn, wat a Verbindung mam Panachage zu engem héijen Opwand beim Auszielen géif féieren, ausser de Panachage selwer géif och ofgeschaaft ginn, woufir et duerchaus Argumenter ginn. Aner Léisunge wiere natierlech och méiglech an deem Kader, mee keng ass richteg zefriddestellend.
Eng radikal aner an zimlech originell Approche, déi och scho vum Fernand Fehlen op verschiddene Platze virgeschloe gouf (wéi zum Beispill an engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Land), wier d’Biproportionalitéits-Method, déi vun enger Ekipp em e gewësse Michel Balinski entwéckelt gouf, duerno vum Friedrich Pukelsheim weider analyséiert gouf an déi, nodeems se vun engem Schwäizer Fonctionnaire, deen op der Sich no enger Léisung fir d’Ongerechtegkeet vum lokale Walsystem war, am Internet entdeckt gouf, säit 2006 am Kanton Zürech a méi rezent och an anere Kantonen mat vill Erfolleg ugewannt gëtt. Dës Method proposéiert eng Léisung fir de Problem wéi ee gläichzäiteg Walbezierker am Verhältnis zu hirer Awunnerzuel an d’Parteien an de Proportiounen vun der Gesamtstëmmenzuel iwwert all d’Bezierker representéiert.
Fir d’éischt gëtt d’Zuel vu Sëtz pro Walbezierk mat enger vun den Divisor-Methode bestëmmt (oder am Fall vu Lëtzebuerg déi aktuell Verdeelung pro Bezierk iwwerholl). Dann gëtt d’Gesamtzuel vun de Vertrieder vun all Partei bestëmmt andeems een di selwecht Divisor-Method op dat nationaalt Walresultat uwennt. Wéi uewe beschriwwen wier hei a béide Fäll d’Sainte-Laguë Method di beschte Léisung, mee fir den Ënnerscheed mat der aktueller Walmethod kennen ze illustréieren, gëtt am Beispill d’d’Hondt-Method benotzt.
Loosse mer unhuelen et wiere wéi gewinnt 60 Sëtz op déi 4 Lëtzebuerger Bezierker ze verdeelen an d’Walresultat wier folgendermoossen:

Wann een d’d’Hondt-Method souwuel op d’Bezierker wéi och op d’Parteien mat deene jeeweilege passenden Diviseuren uwent, da fënnt een 21, 23, 9 a 7 Sëtz fir déi 4 Walbezierker an 8, 20, 27 a 5 Sëtz fir déi 4 Parteien. Doraus ergëtt sech eng Matrix bei där jeeweils d’Zomme vun den Zeilen a vun de Spalten festgeluecht sinn:

Et gëllt elo di eidel Felder vun der Matrix sou ze fëllen, dass di national Verdeelung pro Partei respektéiert gëtt, gläichzäiteg awer och d’Walresultater vun de jeeweilege Bezierker sou gutt et geet respektéiert ginn. Am Beispill féiert dat zum folgende Resultat:

Hätt een d’Walresultater pro Bezierk separat berechent (sou wéi et zur Zäit zu Lëtzebuerg gemaach gëtt), dann hätt een dat folgend Resultat kritt:

Et stellt ee fest dass mat der Biproportionalitéits-Method d’Ecarten tëschent den Idealusprëch an de reelle Resultater extrem kleng sinn, wärend se mat der aktueller Method vill méi grouss sinn. Am Beispill kennt virun allem di kleng Partei D mat der aktueller Method zimlech schlecht ewech, wärend di méi grouss Parteien dovun profitéieren. D’Verdeelung vun de Sëtz an de verschiddene Bezierker ass mat der Biproporz-Method zwar liicht méi schlecht, mee well d’Bezierker an der Zesummesetzung vun der Chamber eigentlech keng Roll spillen, kann een dee Problem als zweetrangeg ugesinn. Wat gutt ass, ass dass all Stëmm gezielt gëtt: och Stemmen déi an de klenge Bezierker fir di kleng Parteien ofgi ginn an déi net onbedéngt dozou féieren dass déi Parteien an deene Bezierker vertrueden sinn, ginn awer berécksiichtegt an hëllefen dëse Parteien an anere Bezierker Sëtz bäizekréien. Alles an allem dréit déi Method also dozou bäi d’Sëtzverdeelung méi gerecht ze maachen an dem Proportionalusproch méi no ze kommen.
E puer konkret Zuelen
Lo bleift just nach di uewegenannte Methoden u reelle Resultater ze illustréieren. Um offizielle Site vun de Lëtzebuerger Walen fënnt een detailléiert Resultater vun de leschte 4 Walen, d.h. säit 2004:

D’Walresultat vun 2018 weist also zum Beispill dass d’CSV zwar nëmme 29% vun de Stëmmen, mee awer 21 Sëtz, d.h. 35% vun de Sëtz kritt huet, wat enger Sëtzofwäichung vu ronn +6% entsprécht (+3.6 Sëtz). déi lénk am Verglach krute 6% vun de Stëmmen, awer nëmmen 2 Sëtz, d.h. 3% vun de Sëtz, wat enger Sëtzofwäichung vun ronn -3% entsprécht (-1.8 Sëtz). Dat illustréiert perfekt wéi d’Zesummespill vun de Walbezierker an der Hagenbach-Bischoff Method déi grouss Parteien bevirdeelegt.


Déi folgend Grafik veranschaulecht de Phänomen nach eng Kéier ganz däitlech. Op der x-Achs fënnt een d’Walresultater vun de verschiddene Parteien fir déi 4 Walen tëschent 2004 an 2018 an op der y-Achs sinn déi entspriechend Sëtzofwäichungen tëschent de Sëtz an dem Walresultat agedroen. Et erkennt ee ganz kloer d’Korrelatioun tëschent de Walresultater an der Sëtzofwäichung, déi méi grouss gëtt, wat eng Partei e bessert Walresultat huet (d’LSAP läit duerch en onglécklecht Zesummespill vun de Resultater vun deene verschiddene Bezierker bei 3 Walen ënnert dem Trend, wat den allgemengen Trend awer net invalidéiert).

Duerch d’Bäibehale vun de Walbezierker, mee d’Ersetze vun der Hagenbach-Bischoff Method duerch d’Sainte-Laguë Method verschwënnt dee steigenden Trend, d.h. d’Ofwäichungen ginn onofhängeg vum Walresultat. Allerdéngs kennen d’Ofwäichungen ëmmer nach Wäerter em déi 2% erreechen, wat ëmmerhin nach ëmmer 1.2 Sëtz entsprécht.

Alternativ, duerch d’Bäibehalen vun der Hagenbach-Bischoff Method fir d’Gesamtresultat, mee a Kombinatioun mat der Biproportionaler Method ginn d’Ofwäichungen ähnlech kleng mee et erkennt een erëm liicht dee steigenden Trend, d.h. grouss Parteien ginn erëm liicht bevirdeelegt.

Eréischt d’Kombinatioun vun der Biproportionaler mat der Sainte-Laguë Method bréngt dat erwënschtent Resultat, d.h. eng insgesamt méiglechst kleng absolut Ofwäichung an eng Onofhängegkeet tëschent dem Walresultat an dëser Ofwäichung. An dësem konkrete Fall läit di maximal Ofwäichung déi iergendeng Partei an deene 4 Walen erreecht huet bei ronn 0.8%, also bei manner wéi 0.5 Sëtz. Dës Rechemethod géif also sécherstellen dass all Partei méiglechst genau déi Sëtz kritt déi hier laut Walresultat och zoustinn. Nach méi kleng Ofwäichungen kritt ee nëmme wann een d’Zuel u Sëtz an der Chamber vergréissert oder wann ee fraktionär Stëmmen am Parlament zouléisst.

Och an der folgender Grafik gëtt nach eng Kéier däitlech dass mat der kombinéierter Biproportional-Sainte-Laguë Method déi duerchschnëttlech Sëtzofwäichung bei ronn 0.3 Sëtz läit. D’Sëtzofwäichung vun der aktueller Approche läit am Verglach am Duerchschnëtt béi ronn 1.5 Sëtz an ass wéi schonn erkläert staark ofhängeg vum Walresultat vun deene verschiddene Parteien, mat engem klore Virdeel fir déi grouss.

Conclusioun
Engersäits gesäit d’Proportionalwalrecht fir dass d’Zesummestellung vun de Sëtz vum Parlament d’Repartitioun vun de Stemmen sou genau wéi méiglech soll ofbilden an dass all Stëmm gläich vill soll wäert sinn. Anerersäits muss et sech awer och praktesche Contrainten fügen, wéi zum Beispill dass e Parlament aus ganze Sëtz besteet (obwuel et och Konzepter ginn andeems verschidde Parlamentarier fraktionär Stëmmen hunn), dass et wéinst der politescher Stabilitéit e Fractionnement vun der Parteielandschaft muss verhënneren, an dass de mathematesche Prozess fir d’Verdeelung vun de Sëtz muss méiglechst simpel sinn fir dass all Wieler e ka novollzéien. D’Léisung, déi dëse Bedürfnisser soll gerecht ginn ass net unique an et ass oft sou dass d’Léisung vun engem Aspekt oft eng Rei nei Problemer mat sech bréngt. Sou oder sou ass et awer relativ kloer dass den aktuelle Walsystem eng Rei méi oder manner grouss Lacunne huet déi sollte behuewe ginn. Dësen Artikel probéiert déi existéierend Problemer ze erklären an ze illustréieren a mécht eng Rei Proposen wéi een se kéint behiewen, mee hëlt bewosst keng kloer Stellung zu de méigleche Choixen. Duerch di aktuell politesch Konstellatioun, duerch déi geplangte Verfassungsreform, dat geplangtent neit Walgesetz an och duerch den Drock deen duerch di aktuell demographesch Situatioun entsteet, missten d’Chancen awer eigentlech sou gutt wéi scho laang net méi stoen, dass Beweegung an dësen Dossier kennt, mee wéi wäit d’Reform herno geet a wéi eng Rechemethod wäert applizéiert ginn, bleift nach ze gesinn.
