Mat grousser Wahrscheinlechkeet wäert d’Joer 2016 als den Ufank vun der globaler Post-Truth Ära an d’Geschicht agoen. De ‘positiven’ Ausgang vum Brexit-Referendum a Groussbritannien an d’Wal vum Donald Trump an Amerika wäerten en nohaltegen Impakt op eis Welt hunn. Di zwee Evenementer hunn gemeinsam dass onkomplett oder falsch Informatiounen, Ligen an Emotiounen eng grouss Roll bei de jeeweilege Resultater gespillt hunn.
Oxford Dictionaries definéiert ‘Post-Truth‘ als ‘circumstances in which objective facts are less influential in shaping public opinion than appeals to emotion and personal belief’, d.h. Ëmstänn ënnert deenen objektiv Fakten eng manner grouss Roll spillen fir d’ëffentlech Meenung ze formen wéi Emotiounen a perséinleche Glawen. Wat zielt sinn net di méiglechst objektiv Resultater vun beduechten Analysen, detailléierten Expertisen oder zu Enn geduechten Raisonnementer, mee dat perséinlecht Bauchgefill. Angscht, Hoffnung an Roserei iwwerhuelen d’Roll vum Verstand, onrealistesch Erwaardungen stinn onerreechbare Verspriechen géigeniwwer.
Doriwwer eraus baséiert d’Meenungsbildung vun deem Eenzelen net op deenen sougenannten etabléierten Medien, mee gréisstendeels op dem Contenu vun de soziale Netzwierker, deem seng Villsäitegkeet meeschtens awer duerch déi sougenannte ‘Filter Bubble‘ extrem reduzéiert ass. Falsch Informatiounen verbreeden sech wéi de Blëtz iwwer Facebook, Twitter, Instagram a Co., ginn onkontrolléiert geliked, geshared a gepost an et ass nodréiglech immens schwéier fir d’Ligen ze widderleeën, an do wou et geléngt ass et meeschtens schonn ze spéit well d’Leit hiert Bauchgefill vermeintlech scho bestätegt kruten. Et ginn zwar schonn Internet-Siten déi sou falsch Informatiounen ‘debunken’, d.h. entlarven (di englesch BBC zum Beispill huet eng ‘Reality Check’ Ekipp opgestallt, där hiert primäert Ziel et ass, falsch Informatiounen op de soziale Netzwierker ervirzehiewen), mee hiren Impakt ass bis elo leider nach vill ze schwaach.
De beschriwwene Phänomen ass iwwregens net nei: d’Methoden déi en definéieren ginn et mat grousser Wahrscheinlechkeet scho sou laang wéi et Politik gëtt, mee nach ni war hier Envergure an hiren Afloss op eis Welt esou grouss wéi elo. Et ass relativ sécher dass di sozial Medien e wesentlechen Undeel drun hunn an dass di allgemeng Skepsis vun de Leit vis-à-vis vun der Politik an di domat verbonnen Ofleenung vun all Form vun Elitismus an Expertise eng grouss Roll spillen.
Dës grouss Evenementer vun der Post-Truth Ära hate bis elo nëmmen en indirekten Impakt op eist Land an eis eege politesch Landschaft ass bis elo och gréisstendeels vun hier verschount bliwwen. Et fält awer trotzdeem op, dass zu Lëtzebuerg ëmmer méi politesch motivéiert Gruppéierungen mat ähnleche Methoden schaffen. Verschidden Themeberäicher wéi zum Beispill d’Unzweifele vum Klimawandel sinn aus dem Ausland importéiert, mee anerer wéi zum Beispill eis Frontalieren an di domat verbonne vermeintlech Sproocheproblematik bezéien sech exklusiv op de lëtzebuergesche Kontext.
Bis elo ass den Erfolleg vun deenen Organisatiounen moderat an et geléngt hinnen glécklecherweis nëmmen e klengen Deel vun der Bevëlkerung ze manipuléieren, mee et fält op dass se well e net onwiesentlechen Undeel am alldeeglechen Discours an de Medien an an de soziale Plattformen anhuelen an domat hirem Ziel lues a lues e Stéck mi no kommen. Et ass leider ze erwaarden dass et nëmmen eng Fro vun der Zäit ass bis eng Kéier een de richtegen Nerv trefft a mat gezielten Falschinformatiounen politesch Decisiounen beaflosst oder erbäiféiert, déi negativ Konsequenze fir eist Land kéinten hunn. Dofir ass et wichteg dass jiddereen sech iwwert di heefegst Methoden déi an dësem Kontext ugewannt ginn informéiert an dass e capabel ass se fréizäiteg ze erkennen. Et schéngt mer och wichteg, aktiv géint di Tendenzen unzegoen an d’Ligen ze entlarven ier se kenne Schued uriichten.
Eng Gruppéierung déi an dësem Kontext di leschte Méint besonnesch (negativ) opgefall ass, ass d’Initiativ Wee2050, di am Ufank nach Nee2015 geheescht huet. Si gouf 2015 vum Fred Keup a Steve Kodesch gegrënnt an hat ursprénglech als Ziel sech fir de Nee zum Auslännerwalrecht bei Chamberwalen am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 anzesetzen. Hier wichtegst aktuell Themefelder sinn d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an de staarke Bevëlkerungswuesstem. Dëst sinn am allgemengen Themen di effektiv sollen a mussen am politeschen Debat eng Platz hunn well se fir eist Land vu grousser Wichtegkeet sinn. D’Meenungsfräiheet garantéiert all Bierger oder Organisatioun dass si hiren eegene Bäitrag zu deenen Diskussioune kenne leeschten, an dofir ass et grondsätzlech wënschenswäert sech zu deenen Themen ze informéieren an och ze äusseren, onofhängeg vun der jeeweileger Meenung.
Den eigentleche Problem sinn allerdéngs d’Methoden déi vun Wee2050 benotzt ginn an dass d’Organisatioun virun allem um emotionale Plang agéiert, d.h. genau op deem Niveau deen fir d’Post-Truth Ära sou charakteristesch ass: de Leit gëtt Angscht gemaach virum Wuesstem vum Land, virun de Frontalieren an virun den Auslänner an et gëtt suggeréiert dass d’lëtzebuergesch Sprooch virum Ausstierwe steet. Di meescht Aussoen berouen op falschen Informatiounen oder feelerhaften Analysen, op verfälschter lëtzebuergescher Geschicht, op onbewisene Mythen an op Effekthascherei. Doriwwer eraus ginn ofwäichend Meenungen als ongülteg erkläert, an deen deen se vun sech gëtt, gëllt als onpatriotesch. Déi franséisch Sprooch gëtt zum ultimativ Béisen erkläert a Leit di net averstane sinn ginn ëffentlech a perséinlech ugegraff. Dat alles gëtt bedriwwen ënnert dem Deckmantel vun enger sougenannter politescher Mëtt, héchstwahrscheinlech well dat d’Positiounen méi moderat erschénge léisst, dobäi ginn dës Methoden an Europa an uechtert d’Welt allerdéngs virun allem vu Rietspopulisten benotzt, d.h. vu Leit oder Organisatiounen wéi Le Pen, Farage, AfD an Trump, fir der nëmmen e puer ze nennen.
Wee2050 wäert och an Zukunft keen Eenzelfall bleiwen an eise Politiker, eisen Institutiounen, eisen Organisatiounen, eisen Experten an och eenzele Persounen wäert ëmmer méi oft den ëffentleche ‘Prozess’ gemaach ginn baséierend ob dubiéise Fakten an entstallten oder erfonnte Wourechten. D’Stëmmung riskéiert dofir laangfristeg e Stéck méi kafkaesk ze ginn a méi wéi eng Kéier wäert de Motto um Enn ‘Im Zweifelsfall für den Ankläger’ sinn.
Mäin Ziel an dësem Blog ass et net iergendeng perséinlech politesch Meenung ze äusseren oder fir d’Politik vun eiser aktueller Regierung ze kritiséieren oder ze luewen, mee fir op d’Geforen vun ‘fake fews’, ‘alternative facts’ an emotionaler Meenungsbildung hinzeweisen a fir an engem lëtzebuergesche Kontext ze illustréieren wéi se fonctionnéieren, wéi een se erkennt a wéi een sech dogéint ka wieren.